1821 - Gebuert vum Grënner
De Jean-Pierre Heintz koum den 29. Dezember 1821 zu Lëtzebuerg op d'Welt. Dat glécklecht Evenement gouf allerdéngs net am "Luxemburger Wochenblatt" ernimmt, deemools dat eenzegt Informatiounsblat fir déi circa 10.000 Awunner vun der Stad Lëtzebuerg. D'Eltere konnten och net wëssen, datt hire Bouf eng Kéier un engem Kapitel vun der Lëtzebuerger Wirtschaft géif matschreiwen. 168 Joer no der Grënnung vun der éischter Manufaktur gëtt nach ëmmer un der Geschicht vun dësem Familljebetrib weidergeschriwwen; mat därselwechter Astellung an Initiativ wéi schonn déi Generatioune virdrun. Ënnert de biergerleche Famillen, déi dës fréi Jore vun der Lëtzebuerger Wirtschaft matbestëmmt hunn, ass dësen Erfolleg éischter d'Ausnam.

1847 - Éischt Geschäft vum Familljebetrib
Wéi de Jean-Pierre Heintz mat 25 Joer, am Juli 1847, op Nr. 9 an der Neipuertsgaass déi éischt Tubaksmanufaktur mat Buttek opmécht, huet hien domat de Grondsteen vun dëser Erfollegsgeschicht geluecht. Ufank 1847 hat hien déi nonzéngjäreg Joséphine van Landewyck bestuet. Well hollänneschen Tubak eng gutt Renommée huet, schreift de Jean-Pierre Heintz nieft sengem Numm och dee vu senger Fra op d'Firmeschëld.

1859 - Éischt Dampmaschinn vun der lëtz. Tubaksindustrie
Dem Jean-Pierre Heintz seng Firma leeft gutt. Hie keeft nieft engem Gebai an der Groussgaass och e groussen Terrain um haidege Lampertsbierg. Ausserdeem lount den Heintz Gebaier bannent dem Fort Berlaimont, um haidege Boulevard Royal, wou en 1870 déi éischt Dampmaschinn (2 PS!) vun der Lëtzebuerger Tubaksindustrie installéiert.
1881 - Opschwong ënnert dem Joseph Heintz
Dem Jean-Pierre Heintz säi Jong Joseph Heintz, deen 1848 op d'Welt koum, ass scho mat 22 Joer um Betrib bedeelegt. Hien iwwerhëlt dem Papp seng Tubaksfabrick an der Biedergaass, déi ënner senger Leedung en immensen Opschwong erlieft. De Betrib etabléiert sech geschwënn un der Spëtzt vun den deemools ronn zwanzeg Tubaksmanufakturen zu Lëtzebuerg. D'Produktioun vun Zigaren a Päifentubak gëtt ausgebaut.
De Joseph Heintz huet zu deem Zäitpunkt dräi Tubaksfabricken zu Lëtzebuerg: an der Biedergaass, um Boulevard Royal an an der Rue Beck. Ma d'Ëmwelt gëtt zum Problem fir den Tubaksproduzent. Fir d'Noperschaft sinn den onheemleche Kaméidi vun de Maschinnen, den ongesonde Geroch an de schiedlechen Damp net méi ze erdroen. E Problem, deen haut net manner aktuell ass!

1887 - D' Maschinnen iwwerhuelen
D'Produktioun gëtt ëmmer méi vu Maschinnen iwwerholl, déi d'Handaarbecht ersetzen. 1887 keeft de Joseph Heintz e Fabricksgebai zu Hollerech, fir do eng modern Produktiounsanlag opzeriichten.

1892 - De Joseph Heintz gëtt Direkter
De Jean-Pierre Heintz stierft den 30. Oktober 1892 a vermécht sengem Jong de Betrib, dee vun elo un "Joseph Heintz van Landewyck" heescht. De Joseph Heintz wëll déi ganz Produktioun op engem Site zesummefaassen a verkeeft de Site um Lampertsbierg. Seng ronn 250 Mataarbechter produzéieren hei pro Woch 90.000 bis 100.000 Zigaren, 2.000 kg Tubak fir ze fëmmen an eng kleng Quantitéit Zigaretten.
1894 - Nofro klëmmt national an international
National an international klëmmt d'Nofro no Tubaksprodukter. 1894 mécht de Joseph Heintz eng nei Fabrick fir d'Hierstellung vun Zigaren an der Fiels op. D'Industrialiséierung ass net méi opzehalen.
1897 - Nei Fabrick zu Hollerech
50 Joer no der Firmegrënnung geet zu Hollerech déi nei Tubaksfabrick op. 250 Mataarbechter produzéieren all Woch 100.000 - 300.000 Zigaren.

1905 - Éischt hallefautomatesch Zigarettemaschinn
De Victor Heintz installéiert déi éischt hallefautomatesch Zigarettemaschinn zu Hollerech, wat hien aller Wahrscheinlechkeet no net eleng decidéiert huet. Déi kollegial Zesummenaarbecht bannent der Famill ass zum "Stil" vum Haus ginn. Eng Aarbechtsweis, déi sech an der Zukunft sollt bewären.

1911 - Grënnung vun enger Kapitalgesellschaft
De Joseph Heintz wandelt seng Entreprise an eng Kapitalgesellschaft ëm. Doduerch réckelt d'Famill nach méi no beieneen, well d'Aktien all am Besëtz vu Familljemembere sinn.
1912 - De Victor Heintz iwwerhëlt Landewyck
Nom Doud vum Joseph Heintz den 2. Oktober 1912 iwwerhëlt säi Jong Victor de Betrib, a féiert e mat Sënn fir Traditioun a Moderniséierung weider.
Ma den Industriellen a Visionär Joseph Heintz, de "pater familias", de sozial engagéierte Mënsch, hannerléisst e grousst Lach. Mat senger "Aarmekichen" an der Biedergaass huet en sech fir déi engagéiert, déi Nout gelidden hunn.

1920 - Grënnung vun der Wirtschaftsunioun
Nom 1. Weltkrich geet et der Firma wirtschaftlech net gutt. Den "Zollverein", duerch deen d'Lëtzebuerger Wirtschaft begënschtegt gouf, war 1919 opgeléist ginn. Nodeems eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich vun de lothréngesche Schmelzhäre verhënnert gouf, kënnt et 1921 zur Wirtschaftsunioun mat der Belsch.

1925 - Grënnung vun enger Succursale zu Tréier
Fir seng traditionell Mäert ze retten, léisst sech Landewyck och zu Tréier nidder. D'Präsenz vun de villen Zaldote soll duerfir den Ausschlag ginn hunn: Zaldote ware gutt Clienten.
Ënnert der Leedung vum Gilles Schaack gëtt den Tréirer Betrib zum zweetgréissten Tubaksproduzent an Däitschland. 1920 hält Landewyck mat der Zigareproduktioun an der Fiels op, de Schwéierpunkt läit elo op der Zigarett.

1931 - Den Aloyse Meyer iwwerhëlt
Den 9. Dezember 1931 stierft de Victor Heintz no engem beweegte Liewen. Seng Successioun hat hien allerdéngs scho fréi gereegelt. An der Persoun vum Aloyse Meyer, deen zu deem Zäitpunkt schonn eng Galiounsfigur vun der Stolindustrie ass, huet en en Associé fonnt, deen der Saach gewuess ass. Ausserdeem ass den Aloyse Meyer mam Eugénie Heintz bestuet. Hie gëtt zum President vum Verwaltungsrot vu Landewyck ernannt. D'Leedung vun der Fabrick iwwerhëlt de Gustave Koener, dee säi Kënne scho mam Aloyse Meyer bei der ARBED ënner Beweis gestallt hat.

1934 - Koener a Meyer un der Spëtzt
De Robert Meyer, Jong vum Aloyse Meyer an Enkel vum Victor Heintz, fänkt als jonken Ingenieur am Familljebetrib un. Vun 1939 un iwwerhëlt hien d'Leedung vum Betrib un der Säit vum Gustave Koener.

1939 - Fixmer gëtt iwwerholl
Nom Doud vu sengem laangjärege Frënd Charles Fixmer iwwerhëlt de Gustave Koener deem seng Ettelbrécker Firma "Fixmer", déi Tubak fir ze fëmmen an ze schnauwen hierstellt. Domat entsteet déi éischt Heintz-van-Landewyck–Duechterfirma.
Déi ganz Tubaksproduktioun vu Landewyck a Fixmer ass elo zu Ettelbréck; d'Zigaretteproduktioun gëtt op Hollerech verluecht.
Am selwechte Joer gëtt Landewyck an eng S. à r. l. mat engem Kapital vun 9 Millioune Lëtzebuerger Frang ëmgewandelt.

1942 - Landewyck an der Nazizäit
Lëtzebuerg leit ënner dem Naziterror an de Robert Meyer, deen "net déi néideg Garantië bitt", muss säi Posten un der Spëtzt vun der Firma opginn. Eréischt no der Befreiung 1944 kann e seng Plaz a sengem Betrib erëm anhuelen.
1944 - Nei Mark Maryland
Nom Krich huet den Export missen ugekierpt ginn. Ma d'Tubaksblieder fir déi fest Gréissten am Verkaf, wéi d'Zigarett "Africaine", si knapp, an duerfir setzt Landewyck op eng nei Mark: "Maryland". D'Zigarett gëtt e groussen Erfolleg an huet geschwënn zu Lëtzebuerg den Image vun "onser Zigarett".

1946 - Landewyck um hollännesche Maart
D'Belsch mécht seng Grenzen op an importéiert 1946 schonn 311 Millioune Landewyck-Zigaretten. Dernieft geléngt et Landewyck, och e gudden Deel vum hollännesche Maart fir sech ze erueweren.
1950 - Nei Mark Lexington
Opgrond vum Erfolleg an Holland gëtt déi nei Mark "Lexington" agefouert. Fënnef Joer méi spéit ginn eng Milliard vun dësen Zigaretten am Joer verkaaft. Aus der Ära "Africaine" gouf d'Ära "Maryland", elo gëtt d'Ära "Lexington" agelaut.

1952 - Robert Meyer eleng un der Spëtzt
Nom Doud vum Aloyse Meyer, enger international unerkannter Gréisst an der Wirtschaft, iwwerhëlt seng Fra, déi eelsten Duechter vum Joseph Heintz, d'Presidence am Verwaltungsrot. Am selwechte Joer geet de Gustave Koener a Pensioun an domat bleift de Robert Meyer eleng un der Spëtzt vum Betrib. Hie gëtt awer an der Produktioun vum Theo Jung, engem laangjärege Mataarbechter vu Landewyck, ënnerstëtzt.
1957 - 110. Gebuertsdag
Jubiläum bei Landewyck: den 110. Joresdag! Zéng Joer éischter, 1947, gouf et kee Grond, fir ze feieren, sou datt een op d'Fest zum 100. Joresdag verzicht hat. De Paul Weber, Direkter vun der Handelskammer zu Lëtzebuerg, schreift dozou:
... "D'Tubaksindustrie ass eng vun de rare Lëtzebuerger Industrien, déi sech méi wéi honnert Joer konnt behaapten an de gudden Numm vu Lëtzebuerg an d'Welt erausgedroen huet.".

1961 - Kent eruewert de Maart
D'Produktioun vun der "Lexington" erreecht de Rekordniveau vun 2,7 Milliarden Unitéiten, bei engem Volume vun 3,3 Milliarde Landewyck-Zigaretten.
Dat Joer drop falen d'Verkafszuele vun der Lexington-Zigarett op 1,7 Milliarden. Duerfir fänkt elo d'Ära "Lorillard" u mat der Zigarettemark "Kent", déi zënter 1958 ënner Lizenz produzéiert gëtt.

1963 - Vermaartung vu Kent
D'S.à r.l. P. Lorillard gëtt als "Joint Venture" zu Ettelbréck gegrënnt a këmmert sech ëm d'Vermaartung an d'Produktioun vun der Mark "Kent" a spéider och vun der Mark "Newport". De J.-P. Thill gëtt Direkter. Ënner him gëtt och eng nei Fabrick zu Ettelbréck gebaut. 95% vun der Produktioun si fir den Export, virun allem an Holland, d'Belsch, Frankräich an Italien, bestëmmt.

1967 - D'Filterzigarette eruewert de Maart
Nodeems d'Filterzigarett weltwäit ëmmer méi e grousse Succès kennt, féiert Landewyck zu Lëtzebuerg d'"Maryland Filter" an. Schonn 1970 iwwerhëlt si d'"Maryland" ouni Filter, déi bis dato meeschtverkaafte Landewyck-Zigarett zu Lëtzebuerg.

1968 - D'Tubaksproduktioun gëtt verluecht
Fixmer zu Ettelbréck hält mat der Produktioun vun Tubak op, déi op Hollerech, spéider op Tréier, verlagert gëtt.

1969 - Ducal kënnt op de Maart
De Präiskrich verschäerft sech an de Maart schwenkt op d'25er-Zigarettepäck am King-Size-Format ëm. Landewyck schléisst sech dem Trend mat der Mark "Ducal" un, déi sech schonn 1969 gutt verkeeft an ëmmer méi zu engem richtege Renner gëtt.

1970 - Lorillard mat Rekordzuelen
Vun 1962 un ass de Verkaf vun der Lexington-Zigarett staark réckleefeg. D'Produktiounszuele vu Landewyck Lëtzebuerg sinn op engem Déifstand. Ma d'Lorillard-Zigarett ass weider am Opschwong. 1971 ginn 1,1 Milliarden Zigarette produzéiert. De Verkaf vun der Lexington fält allerdéngs op 300 Milliounen. Landewyck reagéiert a konzentréiert sech elo méi op den däitsche Maart. Brinkmann investéiert an de Familljebetrib an hält 25,01% vum Gesellschaftskapital.

1971 - Lounproduktiounskontrakt mat hollänneschem Grupp
Landewyck ënnerschreift e laangfristege Lounproduktiounskontrakt mat engem hollänneschen Zigarettegrupp vun internationaler Bedeitung. Doduerch klammen d'Produktiounszuelen ëm 30%.
1972 - Erweiderung vun der Zon „Däitsch Grenz“
Landewyck feiert säin 125. Jubiläum. 300 Mataarbechter si bei der Firma beschäftegt; 2,5 Milliarden Zigarette gi produzéiert.
1972 notzt Landewyck eng Nisch, déi ënnert dem Numm "däitsch Grenz" an d'Geschicht vum Betrib ageet. D'"Grenzzon", wou d'Produkter vu Landewyck a vun aneren Zigarettenhiersteller kloer Virdeeler hunn op Grond vun de vill méi héijen Akzisen an der Bundesrepublik, gëtt "erweidert".
1974 - Erfolleg vu Kent an Europa
Nom Erfolleg vun der Mark "Kent" an den USA verkeeft sech dës Mark elo och gutt an Europa, virun allem an de Benelux-Länner. Well d'Nofro klëmmt, muss d'Wierk zu Ettelbréck ausgebaut ginn. Zéng Joer no hirer Grënnung beschäftegt d'Fabrick iwwer honnert Mataarbechter. D'Joresproduktioun erreecht 1,5 Milliarden Zigaretten.

1977 - Fixmer zu Stroossen
Fixmer plënnert an e grousst Lager op Stroossen. Et ass den Ufank vun enger dynamescher Entwécklung am Grousshandel mat Tubak an anere Produkter.
1978 - Hierstellung vu "Crush Proof"-Packungen
De Boom vun der "Kent"-Zigarett ass eriwwer. Den US-Partner verkeeft d'Mark un de britesche Konzern BAT (British American Tobacco). D'S.à r.l. P. Lorillard mécht hir Dieren den 30. Juni 1978 zou. Op Grond vun engem Lizenzkontrakt ka Landewyck weiderhin "Kent"-Zigarette produzéieren a vermaarten. Landewyck konzentréiert sech op d'Hierstellung vun haarden, "crush proof"-Verpackungen, déi di mëll Verpackunge sollen ersetzen.
1980 - Spëtzeprodukt Ducal
D'Mark "Ducal" gëtt zum Standbeen vun der Landewyck-Produktioun. Mat 500 Mataarbechter stellt Landewyck pro Joer 3,5 Milliarden Zigaretten hier, déi an der Haaptsaach an de Benelux–Länner verkaaft ginn.
1981 - Verpackungsmaschinn "made by Landewyck"
Landewyck baut seng éischt eege Verpackungsmaschinn, woufir e firmeninternen technesche Support opgebaut gëtt. Dëst féiert 1996 zur Grënnung vun der Firma IMATEC zu Ettelbréck, spezialiséiert an der Maintenance vu Maschinnen an der Hierstellung vu Maschinnendeeler.
1982 - Zigaretteproduktioun zu Hollerech
D'Wierk zu Tréier hält mat senger Zigaretteproduktioun op, si gëtt vum Standuert Hollerech iwwerholl. Tubak a Feinschnëtt ginn ëmmer nach ausschliisslech zu Tréier hiergestallt. Well d'Präisser fir Zigaretten an Däitschland duerch d'Erhéijung vun der Tubakssteier immens geklomme sinn, féieren déi grouss däitsch Handelsfirme eegen Handelsmarken an, déi si méi bëlleg verkafen. Landewyck séchert sech e beachtlechen Deel vun dëser Produktioun. 1983 ginn am Ganzen 4,6 Milliarden Zigarette produzéiert.
"Ducal" gëtt elo och a Frankräich verkaaft. Landewyck geléngt mat dëser Mark awer virun allem en nohaltegen Duerchbroch an Däitschland, och wéint den Automatepäckelcher mat 24 Zigaretten (an de Päckelcher vun der Konkurrenz si meeschtens just 22 Zigaretten).

1985 - Fusioun Fixmer-CdT
Fixmer vun Ettelbréck, zënter 1977 Grossist, fusiounéiert mam "Comptoir des Tabacs" zu Stroossen. Deen neie Betrib nennt sech "Fixmer-CdT".
1987 - Export a China
Landewyck huet an der Tëschenzäit d'Mark "First" opkaaft. Eng éischt Liwwerung geet 1987 an d'Volleksrepublik China, e gutt Joer fir dat internationaalt Geschäft.

1989 - Nei Installatiounen
Déi al Maschinnen, fir den Tubak fir d'Zigaretteproduktioun virzebereeden, kommen net méi no mat der Produktioun a ginn duerch nei Installatiounen ersat.
1992 - Produktioun vun 5,3 Milliarden Zigaretten
1992 ginn 5,3 Milliarden Zigarette pro Joer bei Landewyck produzéiert. E groussen Erfolleg op de Mäert baussent Europa hunn zum Beispill "Bentley" a Südostasien an "Ducal" a Westafrika. Um däitsche Maart daucht en neit Produkt op: "Rolls" (och nach "Quickies" genannt), dat steierlech wéi Feinschnëtt behandelt gëtt. D'Aféierung vun de "Lexington-Rolls" illustréiert, wéi d'Zigarettenhiersteller probéieren, laanscht déi héich Steieren ze kommen. De jeeweilege Staat ass weiderhi géint Bëlleg-Zigaretten, well doduerch manner Steieren erakommen.
1993 - Majoritéit u Róna
Landewyck geet mam ungareschen Tubaksproduzent Róna zesummen. Den 1. Oktober 1993 iwwerhëlt Landewyck d'Majoritéit vun den Aktien. De Verkaf vun den "Ducal"-Zigarette geet zeréck, well d'Konkurrenz elo och Päckelcher mat 25 Zigaretten ubitt.

1994 - Positiv Bilanz
De Begrëff "Landewyck" kritt méi schaarf Konturen als Grupp, zu där d'Mammenhaus Heintz van Landewyck zu Hollerech, Fixmer zu Stroossen, Heintz van Landewyck zu Tréier a Róna zu Debrecen gehéieren. D'Finanzresultater vun de jeeweilege Betriber verbesseren sech, wat sech och an der konsolidéierter Bilanz weist.

1995 - Róna zukunftsorientéiert
Róna an Ungarn implementéiert zukunftsorientéiert Verkafs- a Marketinginfrastrukturen zu Budapest.

1996 - Tréier gëtt eegesstänneg GmbH
D'Succursale zu Tréier gëtt eng eegestänneg GmbH. D'Tréirer Wierk ass op Tubak fir ze fëmme spezialiséiert a produzéiert am Mount ronn 100 Tonnen däers Tubak fir den däitsche Maart. De Betrib ass och ganz aktiv am Marketing vun Zigaretten, besonnesch der Mark "Ducal", vun där an Däitschland knapps eng Milliard Zigarette verkaaft ginn. Aus dem technesche Support entwéckelt sech d'Firma IMATEC – Innovative Machine Technology. D'Zigaretteproduktioun vu Landewyck erreecht 1996 e Rekordvolume vu 5,7 Milliarden Unitéiten. 13% dovu ginn op dem nationale Maart verkaaft (1986 waren et 19%), 62% op deenen anere Mäert vun der EU (1986 waren et 80%). Den Export a Länner baussent der EU klëmmt dogéint vun 12% op 25% am selwechten Zäitraum. Dës Entwécklung weist, wéi sech de Grupp bannent 20 Joer ëmmer weider internationaliséiert huet. 1996 beschäftegt Landewyck ronn 620 Mataarbechter, dovun ongeféier 430 zu Lëtzebuerg.

1998 - Nei Mark ELIXYR
1998 kënnt d'Zigarett "Elixyr" op de Maart, déi sech vu Joer zu Joer ëmmer besser verkeeft.

2003 - Landewyck Group S.à.r.l.
2003 ass d'Joer vu groussen Ëmstrukturéierungen. Un der Spëtzt vun der Organisatioun steet elo d'Landewyck Group S.à r.l. Si definéiert d'Strategie vum Grupp a koordinéiert d'Organisatioun vun neie Geschäftsméiglechkeeten.

2007 - Fusioun TORREKENS TOBACCO BELGIUM
Duerch d'Fusioun vun Heintz van Landewyck Belgium an Torrekens Tabakindustrie entsteet TORREKENS TOBACCO BELGIUM. Déi nei Firma ass um Zigaretten- an Tubaksmaart präsent, mat der ganzer Palett vun Tubaksprodukter.
