Qualitéit
kultivéieren

Den Tubak ass d'Matière première, där mir eis
verschriwwen hunn. Mir kréien den Tubak vun de
beschte Plantagen an Nordamerika, Simbabwe an Europa. Bei der Auswiel an dem Kaf vum Tubak begleeden eis eis eegen Tubaksexperten op d'Plaz. Si kontrolléieren
d'Wuer, maache Stéchprouwen an akzeptéieren
nëmmen 1-a-Qualitéit.

 

 

 

Ech hunn eng Fro

EISE QUALITÉITS-PRODUKTIOUNSPROZESS

  • DEN TUBAK 1

    DEN TUBAK

    Déi gedréchent a fermentéiert Tubaksblieder komme gutt geschützt a verpaakt an eisem Lager un, prett, fir mat der gréisster Virsiicht weiderverschafft ze ginn.

  • DE BLENDING 2

    DE BLENDING

    Tubak ass en Naturprodukt, mat deenen ënnerschiddlechsten Aromaen, déi vu Rekolt zu Rekolt kënne variéieren. Fir den typesche Goût vun enger Landewyck-Mark ze kréien, gi verschidden Tubakszorten zu engem "Blend" gemëscht. Esou bleift de Goût vun enger Mark iwwer Joren d'nämmlecht.

  • D'CASINGTROMMEL 3

    D'CASINGTROMMEL

    Den Tubak gëtt duerch Waasserdamp op optimal 21% Fiichtegkeet bruecht an an der Casingtrommel mat natierlechen Aromae versat.

  • D'MËSCHBOX 4

    D'MËSCHBOX

    Den Tubak gëtt an horizontale Schichten an d'Mëschboxe gefëllt an no e puer Stonne a vertikale Sträifen erausgeholl. Dëst garantéiert eng optimal Mëschung vun de verschiddenen Tubaken.

  • DE SCHNËTT 5

    DE SCHNËTT

    Fir Zigarette gëtt d'Tubaksmëschung 0,8-1 mm breet geschnidden. An der Dréchentrommel gëtt d'Fiichtegkeet vum Tubak op ca. 12-13% reduzéiert. Den Tubak kann elo weiderverschafft ginn.

  • D'ZIGARETT 6

    D'ZIGARETT

    Aus dem Container, wou den Tubak zwëschegelagert ass, gëtt den Tubak ugesaugt, d'Fasere ginn zu engem gläichméissege Strang geformt an op Pabeiersträife mat Filterstécker geluecht. Doduerch entsteet eng Zort "Endlos-Zigarett", déi duerno dann an eenzel Zigarette geschnidde gëtt.

Dark Fire Cured

Dësen däischteren Tubak gëtt mat Damp gedréchent. Doduerch entwéckelt en e reezege Goût an e ganz charakteristeschen Aroma. Et ass en duussen Tubak, ma wéint sengem staarke Goût gëtt dacks iertemlech gemengt, et wier e staarken Tubak.

DFC-Zorte ginn an Afrika an Indonesien ugebaut a fir Halfzware-Mëschunge fir selwer gedréinten Zigarette gebraucht. DFC-Tubake ginn ënnerdeelt no Länner a Regiounen, wou se ugebaut ginn, nom Blatstand, wéi vill Nikotin se hunn, wéi se ausgesinn, wéi zeideg a vu wéi engem Joer se sinn.

 

Ech hunn eng Fro